3 Jonker hunn 2 aner Jonker mat engem Messer menacéiert a beklaut.

Der Police gouf e Freideg den Owend géint 20h30 een Déifstall um Kierchbierg gemellt. Dobäi hatten 3 Jugendlecher zwee aner Jugendlecher mat engem Messer um Tram-Arrêt op der Héicht vum Rondpoint Serra menacéiert, an dës opgefuerdert hinnen d'Handy'en, d'Kopfhörer an eng PowerBank ze ginn. Duerno sinn d'Täter a Richtung Kino geflücht. D'Täter konnten net gepëtzt ginn.