
© Eldoradio
Zu Temmels an Däitschland gouf an der Nuecht op e Méinden ee Bankomat gesprengt an d'Täter si Richtung Lëtzebuerg geflücht.
Onbekannter hunn an der Nuecht vun e Sonnden op e Méinden ee Bankomat zu Temmels am Krees Tréier-Saarbrécken gesprengt. Et geet ee vu 4 Täter aus, esou d'Police vu Tréier. Een Täter huet am Auto gewaart, déi aner dräi hunn de Bankomat an engem Pavillon gesprengt.
No der Dot sinn d'Täter mat engem donkelen Audi Richtung Lëtzebuerg geflücht. Wéi grouss de Schued ass an ob Sue geklaut goufen ass aktuell nach net bekannt.
D'Ermëttlunge lafen an Zeie sollen sech bei der däitscher Police ënnert der Nummer (+49)651/9779-2290 mellen.