Den zweete Bouf vum Ierfgroussherzog Guillaume an der Ierfgroussherzogin Stéphanie ass um Méindegmoien op d'Welt komm.

Den zweete Bouf vum Ierfgroussherzog Guillaume an der Ierfgroussherzogin Stéphanie ass de Méindegmoien um 10:04 Auer an der Maternité Grande-Duchesses Charlotte op d'Welt komm. Dat schreift d'Maison du Grand-Duc an engem Communiqué.

De Prënz heescht François Henri Luis Marie Guillaume an huet ee Gewiicht vun 3,575 kg an eng Gréisst vun 53 cm.

Der Prinzessin Stéphanie an dem Prënz geet et gutt.