D'Chamberwale sinn a manner wéi 6 Méint an de CNFL huet e puer Recommandatiounen an deem Kader erausginn. 

De Conseil National des Femmes huet Fuerderunge fir d’Chamberwale verëffentlecht. Cibléiert Mesurë fir d’Chancëgläichheet wiere wichteg, esou de CNFL. Ënner anerem gëtt eng Reform vun der Assurance-Pensioun gefuerdert. Och präzis Mesurë géint déi allgemeng Gewalt géint Fraen a Meedercher goufe recommandéiert. De CNFL mécht sech och Suergen iwwer d’Schwieregkeete beim Logement mat deene Fraen, déi ënner haislecher Gewalt leiden, konfrontéiert sinn. Och sollen um Niveau vun der Educatioun Ännerunge kommen.