
© ANDY BUCHANAN / AFP
Den Numm vum neie schottesche Regierungschef steet fest.
An et handelt sech ëm den aktuelle Gesondheetsminister Humza Yousaf. D’Membere vun der Schottescher Nationalpartei SNP hunn fir de 37-järege Politiker gestëmmt. An dat mat 52 Prozent vun de Stëmmen. Hien ass den Nofollger vun der Partei- a Regierungscheffin Nicola Sturgeon. En Dënschdeg wäert dann d’Parlament iwwer d’Ernennung vum Yousaf ofstëmmen. De 15. Februar hat d’Nicola Sturgeon hire Récktrëtt onerwaart annoncéiert.