
© Eldo
E Sonndeg den Owend gouf an e Camping an der Route du Vin zu Gréiwemaacher agebrach.
Géint 20h00 gouf den Abroch der Police gemellt. Den Abriecher war mat Gewalt an e Camper erakomm. Hie gouf awer vu Leit ugehale bis d’Police op d’Plaz koum. Op Uerder vum Parquet gouf de Mann festgeholl. Hien ass och e Méindeg de Moie virun d’Untersuchungsriichterin komm. En Haftbefeel gouf géint de Mann ausgestallt, hien ass op den Uerschterhaff komm.