
© IZZET MAZI / ANADOLU AGENCY / Anadolu Agency via AFP
Unicef huet Infoen zum Äerdbiewen a Syrien an an der Tierkei matgedeelt.
Vill Schoulen, Spideeler an Infrastrukture goufe beschiedegt oder futti gemaach. E puer Wochen no der Katastroph ginn et nach 850.000 Kanner a Lagere mat limitéierten Accès op proppert Waasser an op Gesondheetssoinen. Vill vun hinne bréichten och psychosozial Ënnerstëtzung, esou d'Unicef. Ganz schlëmm ass d’Situatioun och a Syrien, och wéinst dem Zivilkrich, deen zënter 12 Joer am gaangen ass. D’Kanner wiere mat enger ganz komplexer humanitärer Situatioun konfrontéiert.