Op der Escher Gare goufen e Mëttwoch den Owend zwee Jonker menacéiert an iwwerfall.

Ënner Menacë mat engem Messer, sinn déi Jonk opgefuerdert ginn hir Wäertsaachen ofzeginn, dorënner en Handy, Kopfhörer an e Portmonni. D’Täter hunn d’Affer am Zuch verfollegt, a sinn zu Esch erausgeklommen.

Beschreiwung vun den Ugräifer, déi franséisch a kreolesch geschwat hunn:

  • Jonke Mann vun däischterem Hauttyp, schlanker Statur, ronn 1,90m grouss, eng schwaarz Tommy Hilfiger Jackett, eng schwaarz-rout Joggingsbox a schwaarz-wäiss Jordan Schong an hat eng wäiss Kagull un
  • Jonke Mann vun däischterem Hauttyp, ronn 1,75m grouss, hat Dreadlocks un, an hat eng Mutz un, eng schwaarz Joggingsbox mat wäisse Sträifen un de Säiten

All Info iwwer d’Täter ass fir d’Escher Police ënner der Nummer (+352) 244 50 1000 a per Email: police.esch@police.etat.lu.

An der Rue de l’Hôpital zu Iechternach krut e Mëttwoch eng Passantin géint 17h30 eng Posch aus der Hand geklaut. De mannerjäregen Täter, dee geflücht war, konnt bei der Kierch fonnt ginn. An der Géigend gouf tëscht Mauere Boergeld fonnt. D’Suen goufe séchergestallt an da krut d’Proprietärin se zeréck. Op Uerder vum Parquet gouf et eng Plainte géint den Täter.