
© Pexels
D’Hopitaux Robert Schuman hunn eng Erweiderung vun hiren IRM-Horairen ugekënnegt.
Fir den Zougang zu enger IRM-Ënnersichung ze vereinfachen, an d’Waardezäiten ze reduzéieren, wäert et och méiglech si samschdes Rendezvous ze kréien. An dat vum 1. Abrëll un am Spidol um Kierchbierg an an der Zithaklinik. Fir d’éischt wäerten d’Rendezvousen tëscht 8 an 12 Auer méiglech sinn. Et ass awer och geplangt d’Ëffnungszäite Schrëtt fir Schrëtt z’erhéijen.