En Donneschdeg huet déi italieenesch Regierung der Gemeng Mailand d’Uweisung gi fir Kanner vu gläichgeschlechtleche Koppelen net méi ze registréieren. 

D’Europaparlament huet dës Entscheedung vun der ultra-konservativer italieenescher Regierung verurteelt.

D’Europadeputéiert maachen sech suergen, datt dës Entscheedung en Deel vun enger méi grousser Attack géint déi italieenesch LGBTQI+ Communautéit ass, esou d’Noriichtenagence AFP. Si fuerderen den direkte Réckruff vun dëser Entscheedung.

An engem Amendement vertrieden si d’Opfaassung datt dës Entscheedung net nëmme gläichgeschlechtlech Koppelen, mee och hier Kanner diskriminéiere wäert. Ausserdeem soen d’Deputéiert dass dëst e Verstouss géint d’Kannerrechter ass.

Bis elo huet Mailand Kanner vu gläichgeschlechtlechen Elteren agedroen, déi entweder duerch d’Schwangerschaft duerch anerer, déi an Italie verbueden ass oder duerch medezinesch ënnerstëtzte Fortplanzung am Ausland gebuer goufen. Dat ass awer elo net méi de Fall, well de Buergermeeschter vu Mailand bekannt ginn huet dass hien e Bréif vum Inneministère erhalen hätt, wou dra steet, dass dat elo eng Entscheedung vun der Justiz wär.

Gläichgeschlechtlech Partnerschafte goufen 2016 an Italie legaliséiert, allerdéngs ouni d’Recht op Adoptioun.

Zënter hirem Amtsuntrëtt 2022 fokusséiert déi italieenesch rietsextrem Premierministesch sech vill op déi traditionell Familljewäerter.