En neie Moment gëtt et bei den Aarbechten zu Bierden.

Den Zuchtrafic tëscht Ettelbréck a Kautebaach an tëscht Kautebaach a Wolz gëtt nees opgeholl. D’CFL mellt nämlech dass déi onstabil Fielswänn zu Bierden geséchert goufen. D’Relance vum Zuchtrafic ass da viraussiichtlech den 8. Mee. En externe Büro gouf dowéinst geruff. Déi schlecht Wiederkonditiounen si warscheinlech Schold un der Degradatioun vun der Situatioun. Hei gouf jo dann den Zuchtrafic op de concernéierten Tronçone gestoppt an Ersatzbusser goufen agesat.