
© Unsplash
D’EU-Parlament stëmmt fir méi Loun-Transparenz an den Entreprisen.
Nei Reegele sollen d'Salaire-Geheimnis op der Aarbechtsplaz ofschafen. D’Salariéeën dierfen domat d’Recht op Informatiounen iwwer de Loun an hirer Beschäftegungskategorie kréien. Fraen an der EU hunn nämlech 2020 an der Moyenne 13 Prozent manner verdéngt wéi Männer. D’Entreprisë mat méi wéi 100 Leit misste kloer a vollstänneg Infoen iwwer individuell an duerchschnëttlech Léin dem Geschlecht no verëffentlechen. Leit, déi der Meenung sinn, dass se ënnerbezuelt ginn, kënnen eng Entschiedegung fuerderen. De Patron muss beweisen dass keng Diskriminéierung virläit.