
© Eldoradio
De Sonndegowend hat ee Fliger um Findel een Deel vum Train verluer.
Bei der Landung vun engem Cargolux-Fliger huet dësen een Deel vun der Maschinn verluer. Méi genee hat de Fliger hei ee Fuergestell mat Pneuen dru verluer. Beim Tëschefall gouf awer keng Persoun blesséiert.
Op Twitter huet de Fluchhafe matgedeelt, dass d'Landepist zënter 1:00 Auer an der Nuecht nees opgaangen ass. Zanterdeem gouf de Fluchverkéier och nees opgeholl.
Op Twitter huet een och Videoe vun der Noutlandung gesinn.