
© DENIS CHARLET / AFP
De Samschden ass et zu enger Schéisserei zu Villerupt a Frankräich net wäit ewech vu Lëtzebuerg komm.
Nodeems et de Samschdegowend zu enger Schéisserei zu Villerupt, no un der Lëtzebuerger Grenz, komm ass, gouf eng Persoun festgeholl. Hei handelt et sech ëm den Haaptverdächtegen. Zu der Schéisserei ass et op engem sougenannten "Dealer-Hotspot" komm. Et geet een dovunner aus, dass Dot am Zesummenhang mam Drogenhandel stoung.
Bei der Schéisserei goufe fënnef Persoune blesséiert. Dorënner dräi méi schwéier. Ënnert deenen dräi Schwéierblesséierten ass och ee 17 Joer ale Lëtzebuerger. Dëse krut eng Kugel an de Kap. De Jonke gouf direkt nout-operéiert.