Den Donneschdegowend koum et zu engem schwéieren Accident mat engem Motorrad zu Waarken.

Wéi d'Police matdeelt, ass um Donneschdegowend ee Motorrad op der Landstrooss zu Waarken schwéier verongléckt. Ee Grupp Motorradsfuerer ass hei vu Bierde Richtung Waarken gefuer, wéi een anere Motorradsfuerer an enger Kéier d'Kontroll iwwert säi Gefier verluer hat. De verongléckte Motorradsfuerer ass hei vun der Fuerbunn ofkomm a géint Leitplank geprallt. De Chauffer gouf iwwert Leitplank geschleidert an huet sech dobäi schwéier blesséiert. Nodeems d'Affer nach op der Plaz vum Dokter versuergt gouf, gouf dëse mat an der Klinick geholl.

Op Uerder vum Parquet gouf de Miess- an Erkennungsdéngscht op d'Plaz geruff an hunn de Motorrad wéi den Helm confisquéiert. Ee Protokoll gouf erstallt.