De Selenskyj ass de Samschden um G7-Treffen ukomm.

Vum G7-Treffen a Japan gouf offiziell bestätegt, dass de Selenskyj de Samschden um Treffe wäert deelhuelen. Och huet den ukrainesche President seng Arrivée op Twitter ugekënnegt. Ursprénglech sollt de Selenskyj réischt muer um Treffen deelhuelen an dat per Videonoriicht.

Den ukrainesche President wäert sech dann hei fir ee bilateraalt Gespréich mam japanesche Regierungschef Kishida treffen. Dat Gespréich ass fir de Sonnde geplangt an dono soll sech de Selenskyj nach mam amerikanesche President Biden wéinst engem bilateralem Gespréich treffen. Hei ass awer nach net gewosst, wéini et zu dësem Treffe kënnt.