Meteolux warnt de Méinde virun Donnerwiederen.

De Méinde gëllt vun 13:00 Auer un eng Alerte Jaune wéinst Donnerwiederen am ganze Land. Dës gëllt bis 20:00 Auer de Méindegowend. Erwaart gëtt och staarke Reen mat bis zu 25 Liter pro Quadratmeter. Déi kënnen a kuerzer Zäit eroffalen. Och warnt d'Meteolux viru klenge Knëppelsteng.

RTL

© Meteolux