D’Petitioun, déi en ugepasste Personalschlëssel an der Crèche a Maison Relais fuerdert, krut déi néideg Ënnerschrëften.

4.500 Ënnerschrëfte muss ee kréie fir eng ëffentlech Debatt. Aktuell huet d’Petitioun der iwwer 4.800 an et bleiwen 2 Deeg iwwreg fir z’ënnerschreiwen. D’Petitionärin fuerdert dass d’Besoinen an Interessie vun de Kanner domat garantéiert ginn. Et sollen also manner Kanner pro Educateur ze betreie ginn.

An dëser Legislaturperiod ginn awer keng nei ëffentlech Debatten méi iwwer Petitiounen organiséiert. D’Presidentin vun der Petitiounskommissioun Nancy Kemp-Arendt hat dat géintiwwer dem Lëtzebuerger Wort confirméiert.