
© Chambre des Députés
Déi parlamentaresch Versammlung vun der NATO war vum 19. bis 22. Mee um Kierchbierg.
Ronn 450 Participanten aus 31 Memberstaaten mee och weider Partnerstaaten waren op der Plaz. Et gouf iwwer dat neit strategescht Konzept vun der NATO geschwat, esou d’Lëtzebuerger Chamber op hirem Site. Aus der Versammlung ass ervirgaangen dass een d’Ukrain weiderhin ënnerstëtze soll, an dass eng Perspektiv fir eng stabel Zukunft bannent der NATO fërdert. Dës Engagementer sinn Deel vun der Deklaratioun déi e Méindeg ugeholl gouf. D’Versammlung huet och d’Söldnergrupp Wagner als kriminell an terroristesch Organisatioun ugesinn.