
© Eldoradio Archiv
D’Validitéitszäit vun de Päss kéint no uewen adaptéiert ginn.
Dat äntwert den Ausseminister Jean Asselborn op eng parlamentaresch Fro. De Ministère hätt ugefaangen un engem neie Pass ze schaffen. Viraussiichtlech wier deen 2025 disponibel. E Gesetzesprojet géif dann deposéiert ginn. Esou wier geplangt dass fir erwuesse Leit d’Gültegkeet vum Pass op 10 Joer an net méi 5 Joer eropgesat géif ginn.