
© Eldo
Am Kader vun der internationaler "Roadpol"-Campagne huet d’Police e Bilan gemaach.
An der Woch vum 8. Mee huet d’Police Camionen a Busser kontrolléiert. Deemno goufen am ganzen 29 Verwarnunge mat Geldstrof ausgestallt. A 5 Fäll goufen et Mängel un den Tachygraphen a Verstéiss géint d’Lenk- a Rouzäit vun de Chaufferen. 21 Chauffere goufe mat enger Geldstrof verwarnt, well se d’Transitstrecken onerlaabt verlooss haten. An 2 Fäll huet déi obligatoresch Eurovignette gefeelt.