
© Eldo
E Méindeg den Owend koum et zu enger Ausernanersetzung an der Stad.
An dat an der Avenue de la Porte-Neuve. Eng Persoun gouf mat engem Messer um Fouss blesséiert. D’Affer gouf vum Noutdokter versuergt an duerno an d’Spidol bruecht. Ermëttlunge goufen an d’Weeër geleet well den Täter net direkt fonnt gouf.
E Méindeg gouf eng Persoun wéinst Rebellioun an den Arrest bruecht. Et gouf der Police een Déifstall vun engem Elektroroller op der Place de la Gare an der Stad gemellt. Op der Plaz konnt d’Affer fonnt ginn. Wärend dem Gespréich huet sech eng Persoun agemëscht an d’Poliziste beleidegt. Wéinst sengem alkoholiséierten Zoustand gouf de jonke Mann op de Policebüro bruecht. De Jugendlechen huet sech dunn gewiert. Aner Jugendlecher hu versicht hien ze befreien. Bei der Kierperdurchsuchung gouf eng kleng Quantitéit u Marihuana fonnt. Nieft dem Arrest, gouf och e Protokoll ausgestallt.