
© Unsplash
An Holland goufe bei enger internationaler Police-Aktioun 5 Männer festgeholl.
An dat well se Bankomater, ënner anerem zu Lëtzebuerg gesprengt haten. Et geet ëm 22 Fäll a verschiddene Länner. D’Täter haten domat ronn eng Millioun Euro geklaut, esou d’Bundeskriminalamt an Däitschland. Tëscht Mee 2021 an Enn August 2022 hätten d’Männer Bankomater a 5 däitsche Bundeslänner an ee Bankomat zu Lëtzebuerg gesprengt. Si waren entweder als Täter oder als Organisateure vun der Dot bedeelegt.