
© STRINGER / AFP
D'Strofprozedur géint den Donald Trump soll 8 Méint virun de Presidentschaftswalen ufänken.
Wéi den zoustännege Riichter zu New York festgeluecht huet wäert d'Strofprozedur géint den Trump 8 Méint virun den amerikanesche Presidentschaftswalen ufänken. Méi genee heescht dat nächste Mäerz. Hei geet et ëm Suen, déi den Trump u Persoune bezuelt huet, fir dass en déi iwwert bestëmmten Affären näischt soen. Et ass déi éischte Kéier, dass sech ee fréiere President esou enger Prozedur stelle muss. Den Trump gouf a 34 Punkten ugeklot.
Des Weidere wëll den Trump bei deenen nächste Presidentschaftswalen nees untrieden.