
© Pexels
D'Zuel vun den Affer vu moderner Sklaverei ass staark geklommen.
D'Mënscherechtsorganisatioun "Walk Free" huet matgedeelt, dass d'Zuel u moderne Sklaven extreem geklommen ass. Si schätzen, dass déi modern Sklaverei an deene leschte fënnef Joer ëm 20 Prozent geklommen ass. Dem "Global Slavery Index" no, goufen 2021 weltwäit 50 Millioune Mënschen ausgebeut. Dat sinn der 10 Millioune méi wéi 2016. Am stäerkste betraff sinn Nordkorea, Eritrea, Saudi-Arabien an Afghanistan. Mee och an Industrielänner vun der G20 wéi Indien, China, Russland an Amerika gi Millioune Mënschen ausgebeut.