De Bayresche Parquet huet a ganz Däitschland Razzie géint Membere vun der "Letzten Generation" zougelooss.

Bei der Razzia géint Membere vun der "Letzten Generation" gëtt géint méi Persounen ermëttelt. Dat ënnert dem Virworf, dass si eng kriminell Vereenegung gegrënnt hunn oder esou eng ënnerstëtzt hunn. Déi däitsch Police huet ënner anerem an Hessen, Hamburg, Sachsen, Bayern a Berlin no Beweiser gesicht. Konkret gëtt den Täter virgeheit, dass si Spende gesammelt hunn, fir esou Strofdoten ze finanzéieren. Dobäi si ronn annerhallef Milliounen Euro zesumme komm.