
© Unsplash
Netflix toleréiert Deele vu Passwierder tëschent Notzer net méi an ergräift Mesuren.
Persounen, déi weiderhin ee friemen Account notzen, mussen an der Zukunft 4,99 Euro pro Mount bezuelen. Dozou ziele Persounen, déi net mam Besëtzer vum Account ënnert engem Dach wunnen. Déi mussen dann och bezuelen. Ënnert engem Stot versteet Netflix d'Usammlung vun Apparaten, déi do am Internet sinn, wou déi meescht Persounen d'App benotzen. Netflix erhofft sech duerch déi nei Reegelung méi héich Recetten.