
© Eldo
E Vëlosfuerer gouf en Dënschdeg den Owend liewensgeféierlech blesséiert.
Op der Streck tëscht Steeën a Schieren koum et zu engem schroen Accident tëscht engem Auto an engem Vëlosfuerer. De Cyclist war amgaangen aus engem Bësch erauszefueren. Du gouf hie vun engem Auto säitlech ugestouss. De Vëlosfuerer ass dunn e puer Meter duerch d’Loft geschleidert ginn. No der Stabiliséierung vum Noutdokter gouf hie mam Helikopter an d’Spidol bruecht.
E Chauffer war en Dënschdeg ënner Drogenafloss ënnerwee. D’Verkéierskontroll ass zu Rodange a Richtung Péiteng géint 23h00 geschitt. D’Beamten hunn e Chauffer gestoppt. Deen hat Unzeechen op Drogekonsum gewisen. En entspriechenden Drogentest huet dat dann och confirméiert. De Chauffer gouf dunn vun der Police protokolléiert.