
© CGDIS
E Brand gouf e Mëttwoch zu Iechternach gemellt.
Den Daach vun engem Haus brennt aktuell, esou de CGDIS. Et handelt sech ëm een Haus, dat gebaut gëtt. De Brand ass an der Rue des Remparts zu Iechternach. D’Läschaarbechten si komplizéiert wéinst dem Daach aus Zénk a wéinst der Isolatioun. D’Aarbechten daueren also nach.