Mat der Revisioun vun der Verfassung, wäert et eng méi transparent Dotéierung fir de Grand-Duc ginn.

De Regimm fir d’Lëtzebuerger Monarchie mat finanzielle Moyenen ze dotéieren, gëtt geännert a wäert am Gesetz festgehale ginn. Dat gouf e Mëttwoch an der Institutiounekommissioun vun der Chamber diskutéiert. Déi zivil Lëscht an d’Fraise vun der Vertriedung wäerten duerch eng transparent an demokratesch Dotéierung ersat ginn. Déi verschidde Montante vun den Dotéierunge wäerten an Indexpunkten notéiert ginn.