E Mëttwoch goufe 4 Männer um Stater Geriicht wéinst hirem Verhalen an der Pandemie verurteelt.

Dat huet RTL matgedeelt. Am Dezember 2021 war jo eng Demo vu Corona-Impfgéigner ausgeaart. 3 vun dëse Männer si wéinst Beleidegung vum Premierminister Bettel verurteelt ginn. Zwee Männer hate mat Eeër op dem Premier säin Haus geschoss a kruten eng Strof vun 120 Sozialstonnen a 500 Euro. Da krut e Mann eng Strof vun 200 Sozialstonnen an 1.000 Euro. En Impfgéigner gouf dann och verurteelt deen e Verglach mat de Judden am 2. Weltkrich gemaach hat. Do gouf et 1 Joer Prisong op Sursis an e Sursis probatoire vu 5 Joer.