
© Pexels
E Motocyclist gouf e Mëttwoch de Moie schro blesséiert.
Géint 8h00 war et zu engem Accident um CR162 tëscht Altwis a Munneref komm. Beim Iwwerhuele war e Moto mat engem Auto aus der entgéintgesater Richtung kollidéiert. Doropshin ass hien an déi hënnescht Fuersäit vum Auto gefuer, deen en iwwerhuele wollt. De Moto an de Motocyclist goufen e puer Meter weidergeschleidert an Dëse gouf schro blesséiert. Hien ass an d’Spidol bruecht ginn. Den éischten Auto huet en Totalschued. D’Streck war wärend e puer Stonne gespaart. De Miess- an Erkennungsdéngscht vun der Police war op der Plaz.
Zënter e Mëttwoch am spéide Moie goufen 8 Blesséierter op eise Stroosse gemellt. Zu Esch gouf kuerz virun 11h00 e Motocyclist vun engem Auto ugestouss. Quasi gläichzäiteg gouf et eng Kollisioun tëscht zwee Autoen zu Diddeleng. Géint 12h30 kruten sech en Auto an e Camion op der N13 zu Käerch ze paken. E Motocyclist ass géint 13h00 zu Lénger gefall. Kuerz duerno ass e Camion an e Fiels tëscht Bäerdref an dem Grondhaff gerannt. En accidentéierte Camion gouf et dann op der N16. An e Motocyclist ass bei der Colmer-Bréck kuerz no 16h00 gefall, esou de CGDIS.