
© Pexels
D’Iwwerwaachungskommissioun vum Finanzsecteur warnt virun Aktivitéite vun enger spezifescher Firma.
Et handelt sech ëm d’Firma "International Markets Live Inc (IM MASTERY ACADEMY)". Dës Firma proposéiert ënner anerem Aboe fir verschidde Formatiounen. Si cibléiert virun allem e jonke Public um Lëtzebuerger Territoire. Hir Pub mécht d’Firma virun allem op Social Media. D’Zil wier et dass jonk Leit einfach Suen um Finanzmaart verdéngen. D’CSSF gouf informéiert dass e Promo-Event geschwënn zu Lëtzebuerg stattfanne wäert. Mee sech op dee Site anzeloosse wier mat Riske verbonnen. An d’Firma wier der CSSF net bekannt. Si hätt och keen Agrement fir eng Prestatioun vu finanzielle Servicer zu Lëtzebuerg.