Jonker si gréisstendeels zefridde mat hirem Liewen.

Wéi eng Etüd aus Däitschland erginn, si jonk Persoune gréisstendeels zefridde mat hirem Liewen. Déi wichtegst Themen an Ziler fir Persounen tëschent 16 an 30 Joer si Gläichberechtegung a Klimaschutz. 85 Prozent vun de Jonken hunn uginn zefridden ze sinn. D'Etüd gouf vun Infratest dimap gemaach. Skeptesch sinn déi Jonk awer géigeniwwer der Politik. Hei hunn nëmmen 51 Prozent uginn, dass si zefridde sinn. D'Ëmfro gouf vu Mëtt November bis Mëtt Dezember lescht Joer gemaach a bedeelegt hunn sech 4.059 Persounen.