Groussbritannien verschäerft d'VISA-Reegele fir auslännesch Studenten.

Déi brittesch Regierung wëll d'Migratioun aus dem Ausland andämmen andeems auslännesch Studente keng Familljemembere méi mat an d'Land kënnen huelen. Dat funktionéiert andeems déi Familljemembere kee VISA méi kréien. An Zukunft solle just nach Masterstudenten oder Promotiounsstudenten d'Méiglechkeet kréien hier Famill mat an d'Land ze bréngen. Lescht Joer goufen 136.000 VISA'en u Familljemembere vu Studenten erstallt. Dat waren der aacht mol méi wéi am Joer virdrun. Des Weideren dierfen auslännesch Studenten dann och net an d'Aarbechtswelt a Groussbritannie wiesselen, wann se de Studium net ofgeschloss hunn.