
© Eldoradio
Zu Lüneburg an Däitschland koum et zu enger Explosioun an engem Méifamilljenhaus.
Bei der Explosioun an engem Méifamilljenhaus zu Lünebuerg ass eng Persoun ëm d'Liewe komm. Hei handelt et sech ëm ee 34 Joer ale Mann. Vill weider Persoune goufe blesséiert. D'Ursaach vun der Explosioun ass nach net gewosst. Wéinst dem grousse Schued ass d'Haus deelweis net bewunnbar. Déi ronn 80 Awunner ginn an anere Wunnengen ënnerbruecht.