En Dënschdeg de Moie gouf der Police en Abroch an e Restaurant an der Stad gemellt.

An dat an der Stroossbuerger Strooss. Dräi Täter hunn Alkoholfläschen am Wäert vu ronn 22.000 Euro matgeholl. Am Kader vun Ermëttlunge konnten déi dräi Täter identifizéiert a gëschter lokaliséiert ginn. Si goufen op Uerder vum Parquet festgeholl.

En Dënschdeg am Nomëtteg gouf der Police en Déifstall op enger Baustell zu Suessem gemellt. An zwar hunn Täter aus verschiddene Liwwerween geklaut. Si haten eng Klapp bzw. Schibediere vun am ganze 4 Ween beschiedegt. Esou konnten si an d’Liwwerween eraklammen. Et gouf deemno Geschier geklaut. E Protokoll gouf ausgestallt.