Eng Gedrénksbud huet e Mëttwoch den Owend zu Dikrech gebrannt.

D’Feier gouf der Police kuerz viru Mëtternuecht gemellt. An dat an der Avenue de la Gare zu Dikrech. Op der Plaz gouf festgestallt, dass et sech ëm eng Gedrénksbud gehandelt huet. Si gouf gréisstendeels duerch d’Flamen zerstéiert. Well Brandstëftung net ausgeschloss ka ginn, gouf e Protokoll ausgestallt.