
© Pexels
D'Police deelt mat dass verschidde Persounen Affer vu Bedruchsmasche gi sinn.
Zwou Persounen hunn en Donneschdeg eng Plainte bei der Police gemaach wéinst Online-Bedruch. Virun e puer Wochen hat d’Persoun op engem Online-Verkaf-Portal eng DVD-Kollektioun bestallt. De Präis huet d’Persoun iwwerwisen, mee d’Kollektioun ass ni ukomm. Eng weider Persoun huet eng Plainte gemaach nodeems en onbekannten Täter Transaktiounen am Wäert vun Dausenden Euro mat hirer Bankkaart gemaach hat. D’Persoun war Affer vun enger Bedruchsmasch. D’Affer huet nämlech e Miwwelstéck an de soziale Medie wollten opkafen an huet dunn seng Bankdonnéeën iwwer Email uginn.