
© Eldoradio
Iwwert de verlängerte Weekend ass een Deel vun der A3 gespaart.
Tëschent dem Kreesverkéier Gluck an dem Echangeur Hesper ass d'Autobunn A3 a béid Richtungen zou. Dat well hei de Gaasperecher Bann amenagéiert gëtt, esou d'Administratioun vu Ponts et Chaussées an engem Communiqué. De Chantier dauert vun de Freidegowend 21:00 Auer bis den Dënschdegmoie 4:00 Auer un. Wéinst de Preparatiounsaarbechte kann et de Freide schonn am fréien Owend zu Problemer am Verkéier kommen.