
© AFP/Archives/Brendan Smialowski
Eng Firma vum Elon Musk dierf elo Computerchippen u mënschleche Gehierer testen.
D'Startup-Firma vum Elon Musk mam Numm Neuralink hat den Donneschden op Twitter matgedeelt, dass d'FDA Zouloosse vun Tester bei deene Computerchippen a mënschlech Gehierer agesat ginn, accordéiert huet. Déi Implantater sollen et erméiglechen duerch Gedanken direkt mat Computeren ze kommunizéieren, esou de Musk bei der Presentatioun vum Startup. Neuralink ass awer net déi eenzeg Firma déi mat Chippen am Gehier schafft. Lescht Joer hat Synchron déi éischte Kéier ee Chip an ee Gehier vun engem Mënsch gesat.