
© Eldo
En Donneschdeg den Owend war et zu engem méi grousse Brand komm.
Eng grouss Damp-Kolonn gouf an der Géigend vu Péiteng a Käerjeng gesinn. Eng landwirtschaftlech Maschinn huet an engem Feld zu Lénger gebrannt. D’Feier gouf séier kontrolléiert an et gouf keng Persoun blesséiert. Dat huet de CGDIS op Twitter gemellt.