Eng Wallis gouf en Donneschdeg op der Stater Gare geklaut.

Dobäi haten zwee Täter d’Wallis vun enger Passagéierin, déi um Quai op den Zuch gewaart huet, geklaut. Si sinn dunn geflücht. D’Police konnt zwou Persoune fannen, déi bei d’Beschreiwung gepasst hunn. Bei hinne gouf d’Wallis och séchergestallt. D’Persoune goufen op Uerder vum Parquet festgeholl.

E presuméierten Drogendealer gouf en Donneschdeg an der Stad gepëtzt. An der Rue Joseph Junk ass der Police e Mann opgefall, dee beim Erbléckse vun der Police séier wollt fortlafen. Et war kloer z’erkennen dass de Mann eppes ofgeschléckt hat. Kuerz duerno huet déi verdächteg Persoun zouginn, Drogen ofgeschléckt ze hunn. Op Uerder vum Parquet gouf eng Scanner-Ënnersichung gemaach. Et goufen eng Partie Kugelen am Mo vum Mann entdeckt. Hie gouf dunn festgeholl.