En Donneschdeg géint 7h40 war op der N7 tëscht Lausduer a Wäiswampech en Automobilist opgefall.

E schwaarze SUV vun der Mark Ford hat en anere Chauffer iwwer eng duebel-duerchgezunne Linn iwwerholl. Dobäi gouf bal eng Frontalkollisioun provozéiert. Fir déi genee Ëmstänn ze kläre sicht d’Police no Zeien. All Info ass fir d’Police Ëlwen (Telefon: (+352)244871000 an Email: police.troisvierges@police.etat.lu).