Aner bekannt Online-Plattforme wéi Google a Meta haten d’Ofkommes ënnerschriwwen.

Twitter huet sech aus dem EU-Pakt géint Desinformatioun zeréckgezunn. Den EU-Bannemaart-Kommissär Thierry Breton huet matgedeelt dass Twitter déi fräiwëlleg Reegelen net méi anhale géif. Mee et géife Verflichtunge bleiwen an Twitter kéint sech net verstoppen, esou de Kommissär. Vum 25. August un wäert de Kampf géint Desinformatioun am Kontext vum EU-Gesetz iwwer digital Servicer obligatoresch sinn. Wann een de fräiwëllegen EU-Pakt ënnerschriwwen huet, da muss ee reegelméisseg iwwer d’Fortschrëtter am Kampf géint Falschinformatioune beriichten.