
© Eldo
Eng ganz intressant Geschicht huet d'Konschtwierk, dat e Symbol vu Fräiheet vu Lëtzebuerg ass.
D’Gëlle Fra feiert e Samschdeg hir 100 Joer. D’Statue gouf nämlech de 27. Mee 1923 feierlech an der Stad ageweit. Aus dem Konschtwierk gouf e nationaalt Monument, dat d’Fräiheet an d’Onofhängegkeet vum Land symboliséiert. Wéi de Luxembourg City Tourist Office op sengem Site matdeelt, war d’Zil vun der Gëlle Fra un d'Zaldoten vum 1. Weltkrich, déi gefall waren, z’erënneren. D’Statue gouf vum Claus Cito hiergestallt. Wärend dem 2. Weltkrich gouf se 1940 zerstéiert. Mee d’Wierk konnt gerett ginn. 1985 war d’Gëlle Fra nees op der Place de la Constitution, wou se elo nach ëmmer ass.