200 Milliarden Euro vun der russescher Zentralbank wiere vun der EU agefruer ginn.

Dat hu Vertrieder vun der EU-Kommissioun der "Welt am Sonntag" matgedeelt. An der EU wieren d’Verméige vu russeschen Oligarchen am Wäert vu 24,1 Milliarden Euro agefruer ginn. Et wiere bis ewell 1.473 Oligarchen an 205 Entreprisë sanktionéiert ginn. Mee aktuell wier et net méiglech d’Suen ze benotze fir den Neesopbau vun der Ukrain. Bréissel misst nämlech d’Suen zeréckginn, esoubal d’Sanktiounen opgehuewe ginn.