An der Tierkei huet e Sonndeg den Owend den aktuelle President Erdogan d’Stéchwal gewonnen.

Hien hat mat 52 Prozent géint den Oppositiounspolitiker Kilicdaroglu gewonnen. International Walbeobachter kritiséieren awer d’Ëmstänn vun de Walen. Den Erdogan hätt onfair Virdeeler gehat, wéi de Mangel un Neutralitéit vun de Medie mee och d’Aschränkung vun der Meenungsfräiheet. Dat mellt d’Beobachter-Missioun vun der Organisatioun fir Sécherheet an Zesummenaarbecht an Europa. Dem Europarot no wieren 232 Walbeobachter aus 31 verschidde Länner op der Plaz.