Um Péngschtdënschdeg ass nees d’Sprangpressessioun.

An dat wéi ëmmer zu Iechternach. Fir dës Traditioun kommen all Joers ronn 10.000 Pilger an Zuschauer op d’Plaz. Dës Traditioun gëtt et och zënter dem 15. Joerhonnert. D’Zil ass et den Hellege Willibrord ze veréieren. D’Sprangpressessioun ass zënter 2010 op der UNESCO-Lëscht vum immaterielle Kulturierwe vun der Mënschheet.