
© ITALIAN FIREFIGHTERS (VIGILI DELANADOLU AGENCY /Anadolu Agency via AFP
Zu Venedeg goufen sech Suerge gemaach wéinst engem Kanal, deen op eemol gréng gefierft war.
De Grond gouf awer elo erausfonnt. D’Verfierwung am Canal Grande wier duerch Fluoreszin ausgeléist ginn. Dat ass eng Substanz, déi net gëfteg ass an déi bei Tester am Ofwaasser-Kanal-Netz benotzt gëtt. Dat hunn déi lokal Autoritéite e Méindeg matgedeelt. Toxesch Elementer wieren awer net fonnt ginn. Vu wou d’Substanz komm ass, gouf net matgedeelt. An der Touristestad war déi gréng Faarf vum Kanal immens opgefall.